mein elektronisches tagebuch

26.11.1999
 
E Song vum Guy Rewenig haut ze liesen am Tageblatt :
 

De Minister heescht Fridden , an e schwetzt wei am Krich :
Jo, mir brauchen nei Gleiser, mir brauchen nei Zich :
Eran an de Waggong, Haer Asylant !
T'ass laang schon nes Fridden an dengem Land !...
.
.
.
Wa schon e Fluechtling , da breng Kapital !
Well eng aarm Kirchemaus get hei net aal ! ...

.
.
De Minister heescht Fridden , a seng Zong ass aus Goss
Aus sengem Mond kennt all Satz wei eng Kugel geschoss:
An hepp od de Findel, Haer Asylant !
E Gratisticki fir d'Zigeinerband !
 

refrain : wa schon e Fluechtling , da geff Aktionaer
Well Leit ouni Konto huet keen hei gaer
Wa schon e Fluechtling , da keen Islamist
Well mir schwieren hei all op Jesu Christ !

Genereis en Zwerg,
Rigoros e Ries,
dat ass dem Minister Peace
seng chreschtlech Devise !
 
 
 


 Leserbrief  vum 26.11.1999

-----------------------------------------------------------------------
(Oppene Bréif un den Här Minister Luc Frieden)

Esou net , Här Minister !
 

Des Kéier hudd Dir Erch ( an leider och dem Letzebuerger Land) en Aarmuddszeugnis ausgestallt.
Wann Dir scho mengt "haart" durchgreifen ze mussen ( fiirwaat eigentlech ? gung eng potentiell Gefoor aus vun dene Leit?) dann stitt och derzou an bleift waehrend denen onschéine Szenen dei sech um Findel ofgespillt hun, net  no beschter "grauer Eminenz"-Maneier am Hannergronnd a scheckt Eer Büttel fir dei onangenehm Arbecht ze maachen .

A waat soll déi Insinuatioun , et waer alles "geregelt an an Digniteit" ofgelaaf , wann d'Press an d'Demonstranten sech erausgehaalen hätten . Si mer schon erem esou weit :"Circulez, il n'y a rien a voir . Ce ne sont que des juifs qu'on déporte !"

Et ass emmer liicht sech hanner Paragraphen a Konventiounen ze verstoppen , fir eng menschenverachtend Handlungsweis ze rechtfertegen.
Als responsable Politiker an der leschter Regierung hutt Dir jo och  den NATO-Asatz am Balkan matgedroen : dann  stiit och zu Aerer Verantwortung an helleft  d' "collateral damages" esou kleng wei meiglech ze haalen .

Maacht emol eng Visite an de Kosova an kuckt op der Plaatz a waat fir enge Bedingungen dei meeschten Leit elo do mussen hausen : d'Heiser zerschoss oder gesprengt , ouni Daach , Diren a Fensteren , ouni Geld fir och nemmen daat neidegst Baumaterial ze kaafen , an daat e Mount virun Kreschtdaag .

Awer ech mengen daat bereiert Erch weineg , d' Haaptsach ass et leeft alles organiseiert a legal oof nom Buchstaaf vun der Konventioun vun Dublin

Et waer wirklech emol un der Zeit datt mer e vernuenftegt Auslänner- an  Immigrations-Gesetzer  kriiten , mat Quoten , transparent Konditiounen a Regelungen . Et kann dach net sinn datt eng Studentin aus dem Congo manu militari an e Fliger gesaat get , well se sech ereischt hei am Land em eng Openthaltsgenehmegung gekemmert haat .

Oder dat en Universitaire oder e qualifizieierten Arbechter  aus engem NET-EG-Land direkt als potentiellen Kriminellen ofgestempelt gett , nemmen well en hei am Land eng Plaatz sicht huet an hei och liewen wellt

Virgeschter hunn ech bei Bayern-Alpha eng Reportage iwer Letzebuerg gesinn . D'Preise ware faszineiert vun eiser Villsprochegkeet an der Tatsaach dat mer ouni Problem 30 Prozent Auslaenner verkraften .
Anscheinend verkraften gewess Politiker daat awer  net , oder spekuleieren se op Wielerstemmen an Applaus aus dem rietsen Eck .

De ganz Zoustaendegkeet fir Immigratioun an Asyl misst och endlech aus dem Ministere de la Justice erausgeholl ginn , well doduerch ginn dei Leit jo direkt mat Kriminellen an een Deppe geheit .

Nee merci , wann daat dei nei Methoden hei zu Letzebuerg solle ginn wéi een mat Auslänner emgeet, da schummen ech mech wierklech , Letzebuerger ze sinn .
 

Artie Frisch
Grand-rue 78
L-9905 Troisvierges


27.11.1999

Fiktiven Interview mam Premier Minister Jean-Claude Juncker
------------------------------------------------------------------------------------------

AF :  Haer Premier-Minister ...

JC : Daer derft mech Exzellenz nennen !

AF : Monseigneur , d'Lieser vum Eislecker Petit Beurre giffen gaer vun Erch aus eischter Hand wessen wei Der zu denen Evenementer geschter stitt .

JC : Daat war lamentabel ...

AF : D'Virgehensweis vun der Police ?

JC : Neen , dei vun den ONGen ! Waat stellen dei sech och dohinner mat brennende Kaerzen , wessen dei net datt daat doudgefeierlech ass . Denkt nemmen un de Groussbrand zu Chicago ...

AF :  Sitt daer dann net der Meenung , datt aeren Friddens-Minister falsch gehandelt huet ?

JC : Dei Behaaptung puchen ech ganz weit ewech ; mat beiden Feiss stoussen ech se op d'Seit

AF : Mat BEIDEN Feiss ? da faalt Der awer op den Arsch ...

JC : Hmm ...... Soit ::: Bon , dat war eng facon de parler . ehmmm

AF : Haer Premier-Minister , Exzellenz , waat sot der zou der Ausso vun der Staater Madame um Mikro vun RTL dei gesoot huet : "Dei Fluechtlinge sinn zu  90 Prozent Mafia ?

JC : Ech wees net vu wou dei Madam hir Informatiuonen hierhutt  , laut mengen Servicer sinn hechstens 80 Prozent als aktiv Memberen  bei der Mafia ageschriwen

AF : Haer Juncker,  kennt een och soen 70 Prozent vun de Politiker sinn korrupt ?

JC : Hechstens 50 Prozent laut der neisten Statec-Zuelen !
 

AF : So, Jean-Claude , en aanert Thema : als Politiker aus enger Partei mam "C" am Numm , waat haalt der vum Popst senger Kampagne geint Schwangerschaftsverhuetung an Ofdreiwung . Haalt daer perseinlich d'Poell als gutt Methode oder hutt dir alternativ Methoden ?

JC : Et gett keng gudd Method ...

AF : Juncker , besteht d'Regierung aus kaalherzegen Buerokraten oder aus waarmen Bridder ?
 

JC : D'Regierung brauch sech keng Lektiounen a Saachen Waarmherzegkeet gefaalen ze loosen
 

AF : Clo-Clo , ech danken der fir daat Gespreich !
Aropos , du hues jo gesoot , du giffs 5 Mille sprangen lossen fir all Artikel deen net geschriwen gett : meng Kontos Nummer ass CCP 40398-56

JC : Ass noteiert !
----------------------------------------------------------------------
 

Nom Interview :

JC : Mueller , a mei Buero !

M: Jo, Exzellenz ?

JC : Ech haett gaeren direkt den Dossier vun dem Journalist op mei Schreiwdesch !

M : Mer hu leider keen Dossier .

JC : Himmelnondidjoee , sinn ech da vu lauter Incapablen emginn . daer waert dach secher nach wessen wei een en Dossier produzeiert . Allez hep , un d'Arbecht !

( Hun ech daat wirklech neideg , bei mengem heigen Intelligenzquotient mech hei mat Toperten eremzeklappen , an dobei kennt ech Praktikant am Weisen Haus zu Washington sinn !)



 
 

Ballad of Luke Peace and his Peacemakers

Our ranch is big , not in size but in wealth
To protect it we need all our stealth
How rich we really are can never be told
The banks in the county are full of our gold
The cows they are happy and not mad at all
They like a beer-drinking and watching foot-ball

My name is Luke Peace and I am foreman here
I have a quick finger and nobody to fear
I was gunman in Tombstone and settled down
I found a new job not far from that town

My boss is Big Jake of the Younger clan
A tough guy and intelligent man
He called me this morning with a sorrowful face :
"I have problems with settlers all over this place

They came from the east and try to settle down
I think I will have to buy a new Maschendrahtzaun
Get rid of the nuisance , do it today !
I want you to put them out of my way !

Don't be too gentle , go at it hard
A few bucks in your pocket will be the reward "

I did as he told me , called some of my guys ,
picked up our six-shots  and rode to the place,
we mixed  up the settlers  and came home at last
This nuisance now belongs to the past

My boss , he was happy, he shook me the hand 
and thanked me for what I did for the land .

Our ranch is big , not in size but in wealth
To protect it we need all our stealth
In our land flows milk and honey
In our banks we keep the money

Refrain :
Coke chese , bean slurp , plum kraut and Moosel beer
These are the things why we like it here
 
 
 



28.11.1999

N V wrote:

>
> "Cultivons notre jardin.." wèin huet daat schons mèi gesoot?
>

De Voltaire am Candide . Um Schluss vun der Story haat sein Held och d'Nues voll vun denen ganze Ongerechtegkeeten an der Welt and huet sech a sei Privatliewen zreckgezunn .

Waat ech zwar fir dei falschst Astellung haalen dei et gett . Et aennert sech ( wann iwerhaapt) nemmen eppes , wann d'Leit sech ameschen .

Am Voltaire senger Zeit waar "Nichts sehen , nichts hoeren , nichts sagen !" , d'Zipfelmutz iwert de Kapp zeien an d'Obregkeet gewaerden loosen , natirlech eng Virgehensweis dei vun verstaendlecher Viirsicht dikteiert waaer , deemols waar et relativ liewensgefeierlech , de Baak ze deck opzedinn .

Haut ass datt glecklecherweis an denen meeschten westleche Laenner net mei de Fall awer troztdem schenge maer emmer mei an eng "Biedermeier" Mentaliteit zreckzefallen
( mat modernen Attributen ) : d'Tele , Video, d'Filzschlappen ( wou bleiwt d'Zippelmutz ?)
Reckzuch an d'Privatliewen , sech em neischt kemmeren , dei do uewen waerten daat scho richteg maachen ( soulaang se net un eis Pensiounen rappe ginn !) , maach wei d'Leit da geet et der wei de Leit .

Glecklecherweis sie mer haut esou weit datt et jiddferengem iwerlooss ass , wei en sei Liewe feiert , ob en sech dofir interesseiert waat ausserhalb vu senge 4 Waenn lass ass oder net, et mecht och keen engem dofir e Virworf , jiddfereen muss daat mat sech selwer ofmaachen .

Nach eng kleng Bemierkung zu dem ( emmer erem geaeusserten Argument ) :"Et get esouvill Leed an Aarmut ob der Welt , mer kennen schliesslech net iwerall a jiddferengem hellefen ".
Dei Taatsach datt en net iwerall and jiddferengen hellefe kann , berechtegt awer net zu der Schlussfolgerung datt een neierens a kengem hellefen daerf .
D'Welt ass eben beis an ongerecht , dei eng Leit kreie gehollef well se zur richteger Zeit op der richteger Plaatz sinn , dei aaner gin "ethnesch gesaeubert" well se zur falscher Zeit op der falscher Plaatz sin . That's life !

Wann e bei mer un d'Diir klappe kennt an eppes z'Iesse wellt , kann ech en dann ofweisen mat dem Argument daat an Aethiopien dausende Leit un Honger stierwen , dennen ech schliesslech och net hellefen kann

Denkt emol doriwer no !

Schued fannen ech et och dat emmer nemmen 3 oder 4 Leit zu deem Thema eppes ze soen hun, a wann da kommen esou Floskelen ewei " dozou well ech mech net aeusseren" , "et steet mer keeng Urteel zou" , "douzou wees ech net genug" .
Ma djefft ! Hei gett et emol en Kommunikations-medium wou jiddferren seng EGEN, PERSEINLECH Meenung kann lass ginn . Mer brauchen net hei ausgewogen , politesch korrekt ze sinn . Mer brauchen net d'Linn vum Tageblatt, vum Wort oder dem "Mann vun der Stross" ze befollegen . Oder ass eng eegen Meenung net mei "in" ??



8.12.99

M G wrote:

> Dat ass jo erem scheint Daitsch: "Masut"! Koennen dei Leit dann net  entweder hir
> Artikelen ganz op Letzebuergesch oder ganz op Daitsch schreiwen.
> Dat ganzt erennert mech un d'Aufsaetz, dei d'Kanner an der  Primaerschoul schreiwen. > > Ganz am Stil vun: "Ich have eine neue Buxe vom Kleischen bekommen."

Oder : " Machen sie alles in einen kleinen Pack, wir haben den Wagen dabaussen !"
"Diese Birnen sind aber schon sehr milde!"

"Ich habe gestern ein Kaweichelchen gesehen"

Iwregens kennt "mazout" aus dem arabeschen , benannt nom Omar ben Massud , den eischten Uelegscheich den Petroll a sengem Viirgaerdchen entdeckt huet .
(Net ze verwiesselen mam Omar ben Salaad , engem bekannten Feinschmecker den de Krabbecocktail erfonnt huet)
 
 



5.2.2000
 

Den Haider erzielt de Leit waat se wellen heieren , demnaechst waert en em eng Audienz beim Popst ufroen an 10 kilo Kreid friessen ....

Den Haitler ass d'Aentwert un all dei Leit denen Politik e bessen zevill komplex ass . Haut hunn ech um Radio heieren datt laut enger Statistik den Durchschnettsbierger sech all Daag hechstens 10 Minuten mat Politik beschaeftegt ann dann ass et natirlech ganz interessant wann en Politiker do ass  den fir alles e scheinbar einfach Leisung huet (précuit, prédigeré - die politische 5 Minuten-Terrine)
 

De Problem ass datt heen zwar elo d'Fiedem  zitt awer warm a gemiitlech a senger Wolfsschanze zu Klagenfurt setzt . All Fehler deen elo gemaat get kann heen op e puer vu senge Marionetten  ofwaelzen an ofwarten bis Eisterreich en neue Fuehrer brauch .
 



 

09.02.2000

m c schrieb:

> Kennedy class struggle Legion of Doom Ft. Bragg Clinton NSA radar
> South Africa Ft. Meade nuclear arrangements smuggle [Hello to all my
> fans in domestic surveillance] Cocaine FSF
> "
> :-)

daat do waar fir den NSA !

Hei dann och nach eppes fir den BND ( Bundesnachrichtendienst)

Schmiergeld Kohl Leisler Kiep Leopard Türkei Franz Josef Strauss Semtex GSG9 Rote Armee Fraktion  Haider Hitler Russenmafia Koks Castorbehälter "die Grünen" Flick-Affäre CDU Bundeswehr schwarze Kassen Elf Aquitaine etc etc etc
 

Entspriechend dann och fir d"letzebuerger Dupond et Dupont" :
 

Johrhonnertaffaere  Mierscherbierg Valise Dysfonctionnement Frieden Bokassa NeiLenk
Asylanten Schmiergeld Pots de Vin Bistum Dynastie

No dem Motto : Der Lauscher an der Wand hoert nur seine eigene Schand !
 

Have a great Wednesday

Artie



29.02.200

Haut hun ech an der Zeitung gelies " Ist der Verkauf von Wasserpfeifen strafbar ?" Do ass en Typ ugekloot deen a sengem Geschaeft Wasserpeifen verkeeft  "wegen Erleichterung des Konsums illegaler Drogen"  Daat ass kee Witz , als naechst plangt den Haer Frieden den Besetz an de Handel mat Zigarettebliedercher, Fixfeier, Kaffislaeffelcher enner Stroof ze stellen .
Et ass just schued datt ke Gesetz  esou PEIFEKAEPP verbidd  wei mer se momentan an der Regierung hunn .
Iwregens faalen d'Peckvillercher och enner Definitioun vun "Waaserpeifen" ??



3.3.2000

JMB schrieb:

> Ech gei'f trotzdeem nött gär an deenen Länner liewen, -
> Islam ass nött mäin Dengen, mee bon, daat ass eng laang Diskussiou'n, nedu.

Apropos Iran :  De Meindeg haat ech mer am Batiself eng Satellite-Schossel kaaft well ech esou en Dengen och emol wollt ausprobeieren . D'Installatioun war kee Problem fir esou en Technik-Freak ewei mech an du hun ech emol iwert d'Kanael gezappt an
du poulriicht op eng iranesch Statioun getoopt . Ech hu vir d'Eischt geduecht daat waer e Witz , well ech  emmer der Meenung waer fir d'Mullahen waer TV eng Erfindung vum Scheitan (=Deiwel) an bei hinnen waer Televisioun kucken eng schweier Senn .
Ech hun zwar vun der laafender Emissioun reng sprochlech neischt matkritt awer et waar anscheinend esou eng Art "Morgen -oder Mittagsmagazin " . Op der rietser Seit stung eng Mutti (Alter an aaner kierperlech Qualiteiten ondefineierbar well sie war "heavily"
verschleiert a vermummt ) Sie huet mat Mixeren hanteiert an an irgendwelch bellech Plastics-Schosselen gereiert - also eng weiblech ( an persesch) Variant vum Vinzenz Klink oder Max Kuborn. An der Mett an op der lenkser Seit soutzen an deiwen Fotellen  3 oder 4  gudd genierten Paschaen mam obligaten Islam- Baart an hunn heichphilosopesch
Gespreicher gehaalen . Of course waar d'Framensch net dorun bedeelegt , hatt huet sech mat der Kichen beschaeftegt .

Den naechsten Daag hun ech dee selweschte Programm eremfonnt , deen enzegen Ennerscheed waar do datt d'Fra ( frot mech net op et deiselwescht war !) op der Seit sutz an un engem Tableau ( "in Essig und Oel") gepinselt waehrend d'Maenner sech doriwer bekloot hunn datt d'Jugend vun haut och net mei daat ass waat se emol waar .

Ech hu missten un eis rezent Diskussiounen denken vu wegen Gleichberechtegung a Fraendiskriminatioun  ;-)

Daat schlemmst ass dat dei Weiber do och nach stolz sinn , keng Freiheet ze hunn an nemmen en Unhaengsel vun irgendengem topesche fundamentalistesche Macho ze sinn .

Kommt mer elo net erem mat Toleranz an deem ganze Krom . Ech sin nemmen tolerant vis-a-vis vu Leit dei selwer tolerant sinn .

Awer doriwwer mei speit ...
 

sallamm aleikum



12.7.2000

Apropos Scheinhellegkeet : SEIN Stellvertrieder (Karol W.) huet sech op der RAI ergeifert , dei Gay Pride Parade waer en Affront geint d'Kirch , d'helleg Staat Roum , eiser herrgott , der jungfrau maria , der chrestlech-abendlaendescher Kultur a wee wees net nach alles ( am beschten d'Inquisitioum erem afeieren , gelldu JP II ?)

Deselweschten Daag huet heen de Prisong Regina Coelis ( deen heescht wirklech esou !!) besicht a gemeinsam mat Maerderen , Vergewaltegeren , Mafia-Killeren, Drogenhaendleren eng Mass gefeiert an hinnen d'General-Absolutioun erdeelt ("Siehe , das Lamm Gottes, das hinwech-nimmt die Suenden der Welt")

Wei passt daat zesummen ? Oder ass heen op Sich fir neit Personal ? E puer paedophil Vergewalteger  ginn am Schnellcours zu Paschteier gemaat a ginn dann Aumonier bei den Scouten an de Guiden ....
 

o tempora , o mores .....
 


Zurück zu meiner Homepage